De Lëtzebuerger Premier wëllt sech um EU-Sommet zu Bréissel dofir asetzen, datt den EU-Budget flexibel bleift. D’EU misst weider kënnen op Krise reagéieren, esou den CSV-Politiker, fir deen nach vill Gespréicher néideg sinn, bis ee sech wäert eens ginn.
Bis Dezember misst ee sech eens ginn, fir datt den neie pluriannuelle Budget vun der Europäescher Unioun effektiv kann, wéi geplangt, 2028 a Kraaft trieden.
Dorop hat e Mëttwoch den Owend nach eng Kéier de Conseilspresident Antonio Costa gepocht. D’Diskussiounen doriwwer wäerte schwiereg ginn, sot en Donneschdeg de Moien de Premier Luc Frieden, kuerz ier den EU-Sommet zu Bréissel ugefaangen huet.
D’Grief leie wäit auserneen tëschent deenen, déi sech dofir asetzen, datt manner Suen an der EU-Keess sinn, an deenen, déi de Contraire wëllen.
Lëtzebuerg gehéiert net zu deenen, déi iwwerméisseg knéckeg sinn. Mee ass och net dofir d’Suen zur Fënster erauszegeheien, resüméiert de Luc Frieden d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung.
Fir eis ass et wichteg, datt ee weder an dat eent nach an dat anert Extreemt fält. Mir si weder bei deenen, déi ze vill Sue wëllen ausginn, nach bei deenen, déi iwwerméisseg knéckeg sinn.
“Raisonnabele Budget mat flexibelen Instrumenter”
Perséinlech wéilt hie sech op dësem Sommet fir eng Flexibilitéit an deem europäesche Budget asetzen.
Wann eng Kris geschitt, muss Europa kënnen agéieren. An dofir wäert ech haut fir e raisonabele Budget plädéieren an dofir Flexibilitéitsinstrumenter ze halen. Fir datt mir och kënnen 2030 an dono, wann iergendeppes geschitt wat mir haut net gesinn, kënnen intervenéieren.
Diskutéiert gëtt haut och iwwer méiglech nei Recetten op EU-Niveau. Notamment Steieren, déi géifen an d’EU-Keess fléissen.
D’EU-Kommissioun hat ënner anerem eng Betribssteier fir Entreprisë mat engem Ëmsaz iwwer 100 Milliounen Euro pro Joer proposéiert.
Lëtzebuerg géint eng EU-Betribssteier
De Premier Luc Frieden stellt op en Neits kloer, datt Lëtzebuerg do net dofir ass. D’Entreprisë bräichte Suen, fir an Innovatioun ze investéieren an hir Aarbechtsplazen uerdentlech ze bezuelen.
Zu Lëtzebuerg hu mir d’Kierperschaftssteier erofgesat a mir maachen et d’nächst Joer nach eng Kéier. An da géife mir an Europa eng nei Kierperschaftssteier maachen? Dat ass eppes, wat net klappt.
Et wier een, esou de Premier, “wäit ewech vun engem Accord“, mee “bis den Dezember ass nach Zäit”.
Dësen EU-Sommet wier net “déi Sitzung, wou mer zu engem Accord wäerte kommen”. De Conseilspresident misst dono virun allem bilateral Gespréicher féieren, an da “musse mer een op deen aneren e bëssen zougoen”.
Keng Decisioun iwwer national Bensinnssubventiounen
Um EU-Sommet diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen och doriwwer, wat d’EU ka géint déi héich Energiepräisser ënnerhuelen. D’Fro vum Präis wier awer net déi eenzeg, esou de Lëtzebuerger Premier.
Meng Haaptsuerg ass, datt mir genuch Energie hunn.
Zu Lëtzebuerg wieren d’Pëtrolspräisser méi niddereg wéi an den Nopeschlänner, esou de Constat vum Premier. Eng Decisioun doriwwer, ob déi national Subventiounen um Bensinn viru lafen, wier nach net geholl ginn, preziséiert de Luc Frieden.
D’nächst Woch hu mir e Comité de Suivi vun der Tripartite. Mir wäerten do all déi néideg Donnéeë vum Statec a vun anere staatlechen Déngschter kréien, déi mir da wäerte konstruktiv mat de Sozialpartner diskutéieren.
EU-Steier um Profit fir Energie-Entreprisen net en vue
Lëtzebuerg misst oppassen, datt d’Klimaziler erreecht ginn. Et wier dowéinst “ee ganz komplizéierten Equiliber”. Engersäits d’Energiepräisser op engem akzeptabelen Niveau ze halen an anerersäits net doduerch de Konsum an den Nopeschlänner ze erhéijen.
Vill Iddien, fir gemeinsam EU-Mesuren op deem Gebitt leien den Ament net um Dësch.
Eng Partie Länner, dorënner Däitschland, setze sech dofir an, datt iwwerdimensionale Profit vun Energie-Entreprisë soll op europäeschem Niveau besteiert ginn.
Déi Mesür stéing op dësem Sommet net um Ordre du jour, esou de Premier, ouni ze preziséieren, wéi eng Positioun Lëtzebuerg dozou huet.

Radio 100,7 | Daniele Weber, Ana Angel