Nom leschte Kompromëss-Virschlag fir deen nächste pluriannuellen EU-Budget sinn d’Säite bal méi wäit ausenee wéi virdrun. Kann de Conseilspresident António Costa de Knuet opléisen? Um EU-Sommet soll den Ufank gemaach ginn.
Wéi soll d’EU op déi héich Energiepräisser an op d’Konkurrenz aus China reagéieren? Deene Froe ginn d’Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun haut no. Si sinn zu Bréissel fir hiren traditionellen Hierscht-Sommet zesummen.
Muer stinn op deem Sommet de Krich an der Ukrain no den intensive russeschen Attacken, genee ewéi een Debat iwwer déi europäesch Migratiounspolitik um Ordre du jour.
An engem Dossier ass ee sech nach guer net eens: Dat ass dee vum nächste pluriannuelle Budget vun der Europäescher Unioun, dee vun 2028 u soll a Kraaft trieden. Déi leschte Propos, fir an deem Dossier ee Kompromëss ze fannen, gouf esou zimmlech vun alle Säite kritiséiert.
Déi iresch Presidence hat e Samschdeg ee Kompromëss-Virschlag op den Dësch geluecht, an deem de Volume vun deem Budget ëm ronn 160 Milliarden Euro erofgesat gouf. D’Propos huet d’Saach awer net besser gemaach.
“Kilometer wäit vu Léisung ewech”
Deene Länner, mat virop Däitschland, déi deen EU-Budget méiglechst niddereg hale wëllen, gouf de roude Bic net genuch ugesat. Zu deem Grupp vu sechs Länner gehéieren nieft Däitschland och Schweden, Holland, Éisträich Finnland an Dänemark.
Si ginn dacks als “frugals” – also “déi Knéckeg” oder déi, déi spuere wëllen – bezeechent. Datt si net zefridde sinn, gouf nach en Dënschdeg op der Reunioun vun de Ministere betount, déi fir d’EU zoustänneg sinn an déi sech um Kierchbierg zu Lëtzebuerg gesinn hunn, fir den EU-Sommet ze preparéieren.
Et wier ee Kilometer wäit ewech, fir gréng Luucht ze ginn, esou déi éisträichesch Ministerin Claudia Bauer. Et missten nach Honnerte vu Milliarde weider gekierzt ginn.
Och “Frënn vun der Kohäsioun” sinn onzefridden
Deem géintiwwer steet de Camps vu 17 Länner, déi als “Frënn vun der Kohäsioun” bezeechent ginn. Dozou gehéieren ënner anerem Bulgarien, déi baltesch Länner, Slowenien, Kroatien, Polen a Portugal.
Si fannen, d’EU brauch méi Suen an hirer Keess a si genee ewéi d’Europaparlament dogéint, datt dee Budget iwwerhaapt soll gekierzt ginn.
Och déi Europäesch Kommissioun huet dat kritiséiert. Virun allem, datt elo solle manner Suen an d’Kompetitivitéit an an d’Sécherheet an Defense solle fléissen. Oder zum Beispill an d’Fongen, déi d’EU fir Krisenzäiten zur Verfügung stellt.
Onkloer ass weiderhin, wéi eng eege Recetten d’EU kéint aféieren, fir manner op d’Sue vun de Länner ugewisen ze sinn. Et si verschidde Steieren am Gespréich, mee bis elo konnt ee sech iwwer keng dovun eens ginn.
Lëtzebuerg an der Mëtt
Och Lëtzebuerg steet bekanntlech neien Accisen um Tubak, déi un d’EU géifen ofgefouert ginn, ganz kritesch géintiwwer.
Lëtzebuerg stéing an deem Debat “an der Mëtt”, hat de Premier Luc Frieden am Juni um leschten EU-Sommet gesot.
Et wäert interessant ginn ze gesinn, wéi de Conseilspresident António Costa d’Diskussiounen hei op eng Bunn bréngt, déi et erlaabt, wierklech een Accord bis zum Enn vum Joer ze fannen, esou gëschter een EU-Diplomat.
Deen Delai fir een Accord sollt ursprénglech an de Conclusioune schrëftlech esou festgehale ginn, gouf awer an der leschter Versioun, déi eis virläit, gestrach. Elo ass just nach dovu rieds, datt ee sech “séier” soll eens ginn.

Radio 100,7 | Daniele Weber, Ana Angel