Um informelle Sommet zu Dublin geet et haut ëm den europäesche Support fir d’Ukrain. Awer och d’Fro, wéi d’EU soll mat Kënschtlecher Intelligenz ëmgoen, steet um Ordre du Jour. De Premier Luc Frieden ass fir Lëtzebuerg op der Reunioun an der irescher Haptstad derbäi.
Bei den Entwécklungen a Punkto KI misst d’EU d’Kontroll behalen ouni dat Ganzt ze bremsen, sot de Premier gëschter zu Dublin. Dësen Haaptsujet riskéiert awer an de Schied gestallt ze ginn vun zwou Diskussiounen.
Dat eent ass d’Diskussioun ronderëm d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. Den däitsche Kanzler Friedrich Merz hat nämlech am Virfeld drop gepocht, datt all EU-Land sech misst dru bedeelegen, d’Lach an der ukrainescher Staatskeess ze fëllen.
Premier Frieden stellt sech hanner Bundeskanzler
Véier EU-Länner – nämlech Ungarn, d’Tschechesch Republik, d’Slowakei a Bulgarien hunn awer gesot, si géifen do net mat bezuelen. A si halen och doru fest.
D’Ukrain ze ënnerstëtze wier eng Affär vun der Europäescher Sécherheet an d’Laascht vun der Hëllef misst deemno vun alle gedroe ginn, schreift de Friedrich Merz an engem Bréif am Virfeld vun deem Sommet vun haut. De Luc Frieden huet sech do gëschter hei zu Dublin hanner de Friedrich Merz gestallt.
Ech sinn total d’accord mam Bundeskanzler Merz. (…) Ech akzeptéieren net, datt Verschiddener soen: Wann dir dat wëllt maachen, da maacht dir dat, mee mir bedeelegen eis net. Dat ass inakzeptabel.
Den däitsche Kanzler hat iwwerdeems d’Fro vun der Ukrain-Hëllef un déi vum nächsten europäesche Budget geknäppt.
Blockéiert Däitschland de Budget?
Iwwer dee streiden d’EU-Länner bekanntlech den Ament. Ee finanziellen Engagement vu jidderengem fir d’Ukrain wier essentiel, fir weider iwwer dee Budget ze diskutéieren, esou de Friedrich Merz.
Grad déi véier Länner, déi net wëlle fir d’Ukrain mat bezuelen, sinn déi, déi vun der EU-Keess a Form vu Kohäsiounsfonge profitéieren. Wann ee gäre Sue vun deenen aneren EU-Länner hätt, ouni fir déi europäesch Sécherheet opzekommen, ass dat inakzeptabel, sot gëschter och déi dänesch Premierministerin Mette Fredriksen.
Wéi warscheinlech ass et, datt Däitschland effektiv den europäesche Budget géing blockéieren, wann déi véier Länner net noginn?
Den däitsche Kanzler huet zu Dublin méi nuancéiert Wierder fonnt ewéi a sengem Bréif. Fir d’éischt misst d’Finanzlach fir d’Ukrain gefëllt ginn.
Wir müssen anschließend über den gemeinsamen Rahmen ab dem Jahr 2028 sprechen. Das werden schwierige Verhandlungen.
Haut soll iwwer dem Friedrich Merz seng Demande geschwat ginn, genee wéi iwwer déi vun der italieenescher Premierministerin Gerogia Meloni, sech iwwer eng Persoun eens ze ginn, déi am Numm vun der EU bei eventuelle Friddensverhandlungen derbäi wier.
Et bleift deemno ofzewaarden, ob den eigentlechen Haaptsujet – nämlech d’Kënschtlech Intelligenz – net vun deenen zwou Diskussiounen an de Schied gestallt gëtt.

Radio 100,7 | Daniele Weber, Ana Angel